Eng Beikost
déi wierklech nährt.

Individuell begleet. Och bei Ekzema, Allergien a Verdauung.

Maxi Pesch
  • Richteg Nährstoffer fir Gehir, Darm an Immunsystem.
  • 4 Wochen 1:1 un denger Säit.
  • Fir datt aus Theorie och Alldag gëtt.

Gratis Guide kréien

Endlech: Beikost ouni Stress.

Gratis Beikost Guide. Einfach hei umellen.



    Kee Spam. Ofmelden ass jidderzeent méiglech.

    Kenns du dat?

    D’Probleemer
    • De Beikoststart fillt sech onsécher u, besonnesch mat Angscht virum Verschlécken.
    • Iwwerall aner Tipps, mee kee seet dir, wat fir däi Kand dat Bescht ass.
    • Däi Bébé huet Ekzema, an du spiers, datt et net just ëm d’Haut geet.
    • Du bass onsécher, wéi a wéini s du Allergenen aféiers.
    • Du wëlls et richteg maachen, mee net eleng.
    Hei geet et hin:
    • Du starts mat Kloerheet a weess, wéi s du sécher ufänks.
    • Du weess, wat op den Teller kënnt, a firwat.
    • Du verstees d’Zesummenhäng tëscht Haut, Bauch an Iessen.
    • Du féiers Allergene sécher an, Schrëtt fir Schrëtt.
    • Du fills dech sécher, fir dono alleng weiderzegoen.

    Wat kriss de?

    D'1000Deeg Beikost-Begleedung

    4 Wochen. 1:1. Un denger Säit.

    Fir datt aus Theorie och Alldag gëtt. Well Verännerungen Zäit brauchen — an all Kand säin eegene Rhythmus huet.

    • Verstoen: Ech analyséieren d'Gesondheet, d'Haut, de Bauch an d'Familljegeschicht vun dengem Kand.
    • Starten: Du kriss een individuelle Plang — wat fir d'éischt, wéi, a wéi séier.
    • Begleeden: Iwwer WhatsApp sinn ech do, wa Froen opkommen — genee do, wou se opkommen.
    • Selwer wëssen: Du kriss d’Wëssen an d’Sécherheet, fir dono eleng weiderzegoen.
    • Abegraff: Gesondheetsanalyse · Beikost-Plang · Allergen-Zäitplang · Ekzema-Support · WhatsApp · Ofschloss-Guide
    Ee kompletten, individuelle Beikost-Parcours fir deng Famill.
    650€
    Éischt Schrëtt

    Net sécher, ob d'Begleedung fir dech ass?

    Start mat enger 1:1 Analyse — a wann s du dono weidergoe wëlls, gëtt si ugerechent.

    • Intake-Formulaire virum Call: ech bereede mech op dech vir.
    • 60 Min. 1:1 Call: Readiness, Sécherheet, éischt Schrëtt a Nährstoffer.
    • Beikost-Starter Guide: alles, wat s du fir den Ufank brauchs.
    • Och bei Ekzema, Allergien oder Verdauung.
    • Upgrade op d'4-Wochen-Begleedung ass zu all Moment méiglech — d'Analyse gëtt ugerechent.
    Deng éischt Orientéierung virum Beikoststart.

    Gratis Guide kréien

    Endlech: Beikost ouni Stress.

    Gratis Beikost Guide. Einfach hei umellen.



      Kee Spam. Ofmelden ass jidderzeent méiglech.

      Wéi leeft et oof?

      1
      Erziel mir vu dir

      Eng kuerz Noriicht op WhatsApp oder Instagram. Wat beschäftegt dech? Wou stitt dir grad?

      2
      Ech lauschteren no

      Ech kucke mat dir zesummen wat dir braucht — a recommandéiren dir de Wee deen am beschte bei iech passt.

      3
      Mir starten

      Du kriss en individuelle Plang — an ech sinn do, fir datt s du dech méi sécher fills beim Ernäre vun dengem Bëbee.

      Ganzheetlech denken. Ganzheetlech begleeden.

      1
      Nähren = méi wéi saat maachen.

      Gutt Fetter, bioverfügbaart Eisen, Proteinen a fermentéiert Liewensmëttel. Beikost ergänzt d’Mëllech mat genau deene Bausteng, déi Gehir, Immunsystem an Darmflora elo am meeschte brauchen.

      2
      Richteg Liewensmëttel

      Iessen, dat een erkennt. Nährstoffräich, wéineg veraarbecht an ouni onnéidegen Zocker. Net Babyfood aus dem Glas, mee richtegt Iessen aus der Familljekichen. Ugepasst un déi Kleng.

      3
      Goût vun Ufank un

      Net just séiss. Och sauer, batter, aromatesch a salzeg hunn hir Platz. Kräider, Gewierzer a fermentéiert Liewensmëttel erweideren de Palais a kënnen hëllefen, spéider Pickiness ze reduzéieren.

      4
      Darmgesondheet als Basis

      D’Darmgesondheet spillt eng zentral Roll fir d’Verdauung, d’Nährstoffopnam an d’Entwécklung vum Immunsystem. Besonnesch bei Ekzema, Allergien a Verstopfung lount et sech, de Bauch ëmmer mat am Bléck ze hunn.

      5
      D’Kand bestëmmt

      Net d’Method – BLW, Brei oder eng Kombinatioun – mécht den Ënnerscheed, mee d’Haltung dohannert. D’Kand bestëmmt Tempo, Quantitéit a Rhythmus. Ech begleeden Iech dobäi, dëst mat Rou a Vertrauen ëmzesetzen.

      6
      Iwwert den Tellerrand eraus

      Beikost ass méi wéi Iessen. Et ass eng Zäit vu Verbindung, Vertrauen a Sécherheet um Dësch. Dës Erfarunge leeën d’Grondlag fir d’Bezéiung zum Iessen – e Liewe laang.

      Maxi Pesch

      Ech sinn d'Maxi Pesch.

      Mamm vun zwee.

      2021 ass meng Duechter op d'Welt komm. Si huet meng Perspektiv op de Liewensufank komplett verännert an mir gewisen, wéi wichteg Bindung, Vertrauen an Intuitioun an den éischte Méint a Jore sinn. Doraus ass de Podcast 1000Deeg entstanen, eng Serie vun Interviewen iwwer méi wéi 50 Themen ronderëm déi éischt Liewensjoer, déi d'Fundament fir e ganzt Liewe leeën.

      2025 ass mäi Bouf op d'Welt komm. Mat him ass eng nei Fro an de Fokus geréckelt: wéi wichteg Iessen an Nährstoffer am éischte Liewensjoer fir d'Entwécklung vun engem Kand sinn? Esou sinn ech ëmmer méi déif an d'Thema Beikost agedaucht.

      Haut verbannen ech dat alles: recherchéieren, informéieren a begleeden. Meng Aarbecht baséiert ënnert anerem op menger Formatioun un der Kanadescher Oh Baby School of Holistic Nutrition, mat engem Fokus op ganzheetlech, nährstoffräich Beikost.

      Ech mengen datt all Kand verdéngt, vun Ufank u richteg gutt ernährt ze ginn. Datt Ekzema dacks méi ass wéi en Hautproblem. An datt Elteren keng 100 Tipps brauchen — mee eng individuell Begleedung an e klore Plang, deen zu hirem Kand passt.

      Baby Nutrition Consultant (Oh Baby!) Journalistin Podcast Label Impact Luxembourg | SIS
      Lauschtert de Podcast 1000Deeg

      Elteren iwwer hir Erfahrung

      ★★★★★

      “„An enger entspaanter Atmosphär ass d’Maxi individuell op den Alter vu mengem Bébé a meng Kenntnisser agaangen. Et war net nëmme léierräich an interessant, mee et spiert een och dem Maxi seng Passioun fir säi Beruff an d’Wuel vun de Bébéen!“”

      Anni, Mamm vum Charlène
      ★★★★★

      “„An enger entspaanter Atmosphär ass d’Maxi individuell op den Alter vu mengem Bébé a meng Kenntnisser agaangen. Et war net nëmme léierräich an interessant, mee et spiert een och dem Maxi seng Passioun fir säi Beruff an d’Wuel vun de Bébéen!“”

      Anni, Mamm vum Charlène

      Nach Froen?

      Fir Elteren, déi virum Beikost-Start stinn oder scho mëttendran sinn a sech eng individuell Orientéierung wënschen. Ob BLW, Brei oder eng Kombinatioun, ob Ekzema, Allergien oder Verstopfung am Raum stinn: ech passen d’Begleedung un iech an äre Bëbee un.
      D’1:1 Analyse ass eng eenzel Sessioun, mat Intake virum Call an engem Guide duerno — ideal virum Beikost-Start. D’4-Woche-Begleedung leeft iwwer WhatsApp, mat individuelle Pläng, Feedback, Rezepter an Upassungen am Alldag.
      Bei BLW ësst de Bëbee selwer mat den Hänn an a sengem Rythmus, bei Brei gëtt e gefiddert. Béides huet Virdeeler. Vill Famillje profitéiere vun engem Mix. Ech hëllefen dir erauszefannen, wat am beschte bei äre Bëbee an ären Alldag passt.
      Déi meescht Recommandatioune leien ronderëm 6 Méint ofgeschloss — awer net nom Kalenner, mee no Readiness-Zeechen: däi Bëbee sëtzt stabil, weist Interessi um Iessen, an de Zonge-Reflex ass zeréckgaangen. An der 1:1 Analyse kucke mir dat zesummen am Detail.
      Iesse soll Spaass maachen — mee et ass méi wéi dat. Bëbeeën hunn e klenge Mo an héich Nährstoffbesoinen. Dofir zielt all Happen fir Gehir, Immunsystem an Darmflora. Dat heescht awer net, datt däi Bëbee vun Ufank u vill iesse muss. Kucken, upaken, richen a schmaache si wichteg Schrëtt am Léierprozess. D’Mëllech bleift an där éischter Zäit nach d’Haaptnahrungsquell. Ech hëllefen dir ze verstoen, wat normal ass a wou Nährstoffer wierklech Prioritéit hunn.
      Iwwer WhatsApp. Du kanns mir Froë, Fotoë, Videoen oder Voice-Noriichte schécken, an ech äntwere bannent 48 Stonnen, meeschtens méi séier. Sou kriss du Feedback genee dann, wann e gebraucht gëtt.
      Nee. Et geet drëms, richteg Liewensmëttel einfach an den Alldag anzebauen. Dat kann och e gekachtent Ee, eng Avocado oder e Stéck gedämpfte Brokkoli sinn. Ech ginn dir praktesch Iddien, déi bei iech passen — ouni Stress an ouni Perfektiounsdrock.
      Absolut — dat ass souguer ideal. D’1:1 Analyse ass speziell fir Eltere virum Start geduecht. Mir kucken op Readiness, Sécherheet, éischt Liewensmëttel an déi wichtegst Nährstoffer, sou datt s du preparéiert an zouversiichtlech an d’Beikost starte kanns.
      Ekzema ass dacks méi wéi just en Hautproblem — et kann och mat Verdauung, Darmflora a Liewensmëttel zesummenhänken. Ech kucken ëmmer dat ganzt Bild a begleeden iech bei der Allergen-Aféierung an enger Ernärung, déi op äre Bëbee ofgestëmmt ass. Bei medizinesche Froen ass de Kannerdokter de richtegen Uspriechspartner — ech ergänzen dat mat enger ganzheetlecher Ernärungsbegleedung.
      Ech kucken net nëmmen den Teller, mee och d’Nährstoffer, d’Haut, de Bauch, d’Entwécklung an d’Atmosphär um Dësch. Meng Approche ass ganzheetlech an evidenzbaséiert. An ech begleeden iech net just fir eng Stonn, mee — wann néideg — och iwwer Wochen duerch déi ganz Phase. 1000Deeg ass zertifiéiert als Société d'Impact Sociétal (SIS) mam Label Impact Luxembourg.

      Schreiw mir.