top of page

EP40: Stoffwëndelen: Retro-Léisung oder en neit Bewosstsinn?

Writer's picture: Maxi PeschMaxi Pesch


Wann et ëm d’Wéckele geet, da gräife vill Elteren automatesch zu Wegwerfwëndelen. Si si praktesch, séier, a wäerten ëmmer méi absorbéieren. Mee et gëtt eng Alternativ, déi zäitlech an nohalteg Erwaardungen erausfuerdert: Stoffwëndelen. An eiser leschter Episod vu 1000Deeg hu mir mam Anouk Wagner geschwat, Expertin bei der Initiativ Liewensufank, fir erauszefannen, wat Stoffwëndelen esou besonnesch mécht – a firwat se gläichzäiteg nach ëmmer skeptesch ugesi ginn.

D'Anuok Wagner ass Expertin bei der Initiativ Liewensufank, déi och individuell Stoffwëndelberodungen ubit, wou Elteren praktesch Tipps, Informatiounen iwwer verschidde Systemer an Ënnerstëtzung fir den Alldag kënne kréien. https://www.liewensufank.lu/de/consultation/de-stoffwindelberatung/


D’Anouk huet bei hirem zweete Kand op Stoffwëndelen ëmgestallt. Net als bewosst Entscheedung am Viraus, mee well e gesondheetleche Problem keng Alternativ gelooss huet. „Bei mengem Meedche war d’Haut sou empfindlech, dass hat just eng eenzeg Mark vu Wegwerfwëndelen verdroe konnt. Wéi dëss dann och nach fir e puer Wochen net disponibel waren, war dat fir eis de Moment ze soen: Mir probéieren elo Stoffwëndelen." Wat als Noutléisung ugefaang huet, gouf fir d'Famill eng Offenbarung.

Trotzdeem war net jiddereen direkt iwwerzeegt. "Mäi Mann ass nach ëmmer skeptesch an huet léiwer d'Wegwerfwëndelen benotzt, well hie se praktesch fännt a mengt, si wieren an eisem hekteschen Alldag méi einfach ze handhaben," erkläert d'Anouk. "Et huet e bëssen Zäit gebraucht, fir eis als Famill op en gemeinsamen Nenner ze kommen. Mir hu geléiert, datt et okay ass, wann net alles perfekt ass."


Wat sinn d'Virdeeler vu Stoffwëndelen?


Stoffwëndelen si schonn zanter Joerzéngten um Maart, mee mat modernen Designs an innovativen Materialien si se hautdesdaags esou praktesch wéi nach ni. Si schounen net just d’Ëmwelt – andeems se Offall reduzéieren – mee si sinn och besser fir d’Haut vum Kand. "Wegwerfwëndelen enthalen dacks Chemikalien, déi d'Haut irritéiere kënnen, an absorbéieren esou vill Flëss, dass d’Kanner net emol mierken, wa se Pippi gemaach hunn. Mat Stoffwëndelen gesi Kanner direkt, wat geschitt. Dat schaaft e gewëssent Bewosstsinn fir hire Kierper," erkläert d'Anouk.

D'Kombinatioun vu Bewosstsinn a Prakteschkeet kléngt verlockend. Mee d'Fro bleift: Firwat benotzen net all Elteren dës Alternativ?


Erausfuerderungen am Alldag


"Ech mengen, déi gréisste Barrière ass de Mythos, dass Stoffwëndelen ze vill Aarbecht sinn," seet d'Anouk. "Dat ass eppes, wat mir och vun der aler Generatioun iwwerdroe gouf. Mee d’Realitéit ass, dass een haut mat ongeféier 25 Lompen auskénnt an all drëtten Dag eng Maschinn wäsche muss."

Natierlech bedeit dat en zousätzleche Schratt am Alldag, an net all Famill gesäit sech an der Lag, sech dës Zäit ze huelen. D’Wahl fir Stoffwëndelen erfuerdert Engagement an e gewësse Grad un Organisatioun. Et ass keng Optioun, d’Wéckele schnell-schnell ze maachen. "Mee genau dat kann eng Stäerkt sinn," betount d’Anouk. "D'Zäit, wou ee sech dem Kand widmet, schaaft eng intim Verbindung. Et ass eng Zäit vu Rou, Aaekontakt a Bewosstsinn – eppes, wat am hekteschen Alldag gär emol verluer geet."


Ëmwelt a Gesellschaft


Och wann d'Stoffwëndelen e positiven Impakt op d'Ëmwelt hunn, ass d’Adoptioun dovunner net evident. D’Anouk erkläert: "Eis Gesellschaft ass op Komfort ausgeriicht. Alles, wat méi Effort erfuerdert, gëtt dacks als onpraktesch ofgestempelt." Dobäi komme finanziell Barrièren: De Startinvest vu Stoffwëndelen ass méi deier, obwuel se op laang Siicht méi bëlleg sinn. "Hei misst d'Politik agräifen – mat finanziellen Ureizer oder Informatiounskampagnen, fir d'Virdeeler ze promouvéieren."


Eng Fro vum Bewosstsinn


Am Gespréich mam Anouk gouf kloer: Stoffwëndelen sinn net fir jiddereen, mee si bidden e Wee, fir iwwert den eegene Konsum nozedenken an Alternativen auszeprobéieren. "Et geet net drëms, all Elteren ze iwwerzeegen. Mee ech mengen, mir sollten all e Schratt zeréckgoen an eis froen: Wat fir en Impakt huet eis Decisioun op d’Zukunft vun eise Kanner a op d'Welt, an där si grouss ginn?"




80 views0 comments

Recent Posts

See All

Comments

Rated 0 out of 5 stars.
No ratings yet

Add a rating
bottom of page