D’Handwierk an déi éischt 1000 Deeg: Eng Zukunft mat Perspektiv oder ënner Drock?
D'Handwierk ass méi wéi just e Beruff. Et ass eng Traditioun, eng Passioun, an eng Basis fir d’Gesellschaft. A grad an den éischten 1000 Deeg vun engem Kand spillen d’Wäerter vum Handwierk – Gedold, Präzisioun a Kreativitéit – eng essenziell Roll. Mee wéi steet et ëm d’Handwierk an enger Welt, déi ëmmer méi digitaliséiert ass? Ass d’Gesellschaft prett, dës al Wäerter ze schützen, oder gëtt d’Handwierk lues a lues verdrängt?
Am Gespréich mat der Blanche Lamesch, Chef de Service Promotion et Sensibilisation aux Métiers, an der Hanna Meyer, Directrice Communication, Marketing & Relations Publiques vun der Chambre des Métiers, gouf kloer: D’Handwierk steet ënner Drock. D’Nofro no qualifizéierte Fachleit ass héich, mee de gesellschaftleche Wäert, deen dëse Beruff verdéngt, gëtt ze dacks ignoréiert soe Si. De Prestige vun akademesche Beruffer ass dominant, an d’Handwierk gëtt nach ëmmer als Plang B ugesinn, amplaz als eng bewosst Wiel mat Perspektiv.

Handwierk als Fundament – vu klenge Kanner bis an d’Beruffswelt
D’Handwierk léiert net nëmmen eng Technik, mee och en Astellung zum Liewen. Wéi mir mat eise Ressourcen ëmginn, wéi mir eis Emwelt bewosst gestalten – dat si Kompetenzen, déi net just an de Schoulen an der Theorie, mee och duerch konkret Erfarunge vermëttelt ginn. D'Blanche Lamesch ënnersträicht: „D’Handwierk bréngt de Kanner eng konkret Verbindung zum Schaffe mat den Hänn, zu Material a Form. Dat ass en Deel vun hirer natierlecher Entwécklung.“
A grad déi éischt 1000 Deeg si formativ. Déi klengst Kanner entdecken d’Welt mat den Hänn, mat hire Sënner. Si kucke, fille, bauen. Mee an enger Welt, wou ëmmer méi fréi op digital Geräter gesat gëtt, geet dës natierlech Entwécklung verluer. D’Handwierk kéint hei eng Léisung sinn: Eng Schoul a Gesellschaft, déi dës Wäerter vun Ufank un integréiert.
En Handwierk mat Perspektiv?
D’Chambre des Métiers setzt sech aktiv dofir an, d’Handwierk erëm méi attraktiv ze maachen. Kampagnen, Sensibiliséierungsprojeten a Formatiounsoffere stinn um Programm. Mee wéi konsequent sinn dës Efforten? Wéi eng politesch Decisioune ginn effektiv geholl, fir dëse Beräich z’erhalen?
D'Hanna Meyer betount: „Mir mussen de Ruff vum Handwierk fundamental änneren – et ass keen Auswee fir déi, déi et net op d’Uni gepackt hunn, mee e Beruffsfeld mat Zukunft.“
Eng Reflexioun mat Appell
D’Gespréich mat der Chambre des Métiers mécht däitlech: D’Handwierk brauch Unerkennung, net nëmmen als Beruff, mee als essentiellen Deel vun eiser Gesellschaft. D’Verbindung tëscht Handwierk an den éischten 1000 Deeg ass evident – et geet ëm d’Fundamenter vum Liewen, ëm d’Schafe mat den Hänn, ëm Wäerter, déi iwwert Generatiounen eraus bestoe kënnen.
Comments