top of page
Search

EP34: Ouni Aermecher an d'Wasser

  • Writer: Maxi Pesch
    Maxi Pesch
  • Dec 11, 2024
  • 3 min read


5 Schlësselpunkten aus dem Interview


D'Roll vun den Elteren: Eltere sinn déi wichtegst Begleeder am Waasser. Si ginn de Kanner d'Sécherheet, fir Neies ze entdecken.


Keen Drock, kee Verglach: D’Konzept vu Rochenkinder sëtzt net op Leeschtung a Schwammbadgen wéi an Däitschland d'Séipärdchen. Dacks ginn do just Minimumsleeschtunge gefrot an d’Kanner musse Saache maachen op déi si nach net virbereet sinn.


Verzicht op Aermecher: Aermecher vermëttelen eng falsch Sécherheet a verhënneren, datt d'Kanner e realistescht Gefill fir hire Kierper a fir d’Waasser entwéckelen.


Natierlecht Léieren: Kanner brauchen keng detailléiert Uweisungen. Si entwéckelen hir Schwammfäegkeeten intuitiv, genee wéi si d’Krabbele an d’Goen léieren – duerch probéieren an eegen Erfarungen.


Freed amplaz Angscht: D’Konzept setzt op Gedold, Vertrauen an reegelméisseg Erfarunge mam Waasser, fir de Kanner Freed um Schwammen beizebréngen, amplaz Angscht oder Drock ze vermëttelen.


D’Revolutioun vum Schwammeléieren: Wéi Rochenkinder Vertrauen a Freed an d’Waasser bréngt


Schwammen ze léieren ass fir vill Elteren e Meilesteen, deen oft mat Nervositéit an héijen Erwaardungen verbonnen ass. Mee d’Anja Kerkow, Grënnerin vu Rochenkinder, huet eng ganz aner Approche. Si setzt op intuitiv Beweegungsentwécklung an individuell Erfarungen, amplaz op standardiséiert Uweisungen an Ziler. Hiert Konzept vum „natierleche Schwammen“ stellt déi klassesch Iddi vum Schwammcours op de Kapp an setzt op Vertrauen, Gedold an Intuitioun.


E perséinleche Wee an d’Waasser


„Ech si méi oder manner am Waasser opgewuess, well meng Mamm wollt, datt ech keng Angscht virum Waasser hunn. Si huet mech fréi an e Schwammcours fir Elteren a Kanner ageschriwwen,“ erzielt d’Anja. Awer hir Erfarunge als Schwammenseignante an traditionelle Coursen hu si dozou bruecht, hir Method ze iwwerdenken. „Ech hu gesinn, wéi Kanner Angscht haten, wéi si sech onwuel gefillt hunn. Dat huet mech dozou bruecht, vill ze hannerfroen an no Alternativen ze sichen.“ Sou ass d’Konzept vu Rochenkinder entstanen.


Wat ass natierlecht Schwammen?


D’natierlecht Schwammen, wéi d’Anja et beschreift, baséiert op Vertrauen an déi ugebuere Fäegkeete vu Kanner. „Kanner hunn alles, wat si brauchen, fir sech am Waasser ze beweegen,“ erkläert d’Anja. Amplaz de Kanner ze weisen, wéi si hir Äerm a Been beweegen, geet et drëm, datt si d’Waasser an hirem eegene Rhythmus kenneléieren. „Dat ass vergläichbar mat der Beweegungsentwécklung am éischte Liewensjoer. Kengem Bébé gëtt gewisen, wéi et krabbelt oder geet – si probéieren et aus an entwéckele sech intuitiv.“


D'Roll vun den Elteren


En zentrale Bestanddeel vum Konzept vum Anja ass d’aktiv Roll vun den Elteren. „Eltere sinn déi wichtegst Begleeder. Si bidden de Kanner Sécherheet a motivéieren si, Neies auszeprobéieren,“ erkläert d’Anja. Bei Rochenkinder bleiwen d’Elteren am Waasser dobäi, fir eng vertraut Atmosphär ze schafen. „Et ass en Abenteuer, dat d’Elteren an d’Kanner zesummen erliewen. Dës besonnesch Zäit stäerkt de Bond a schaaft onvergiesslech Momenter.“


Firwat keng Aermecher?


En anere wichtege Punkt vum natierleche Schwammen ass de bewosste Verzicht op Aermecher. D’Anja seet: „Schwammflilleke vermëttelen eng falsch Sécherheet a verhënneren, datt Kanner léieren, wéi hire Kierper am Waasser reagéiert.“ De Fokus läit éischter dorop, datt d’Kanner d'Gefill vum Waasser spieren a léieren, sech vum Waasser droen ze loossen.


Eng Alternativ zur Leeschtungsorientéierung


An enger Zäit, wou Schwammmedaillen an sportlech Erfolleger am Fokus stinn, setzt d’Anja op Individualitéit an Selbstbestëmmung. „Et geet net drëm, Leeschtungen ze moossen, mä de Kanner Freed a Sécherheet am Waasser ze vermëttelen,“ erkläert si. Schwammbadge wéi d'Séipärdche gesäit si kritesch: „Dëse Badge garantéiert net, datt e Kand wierklech sécher am Waasser ass. Oft gi Kanner mateneen verglach a musse Saache maachen, fir déi si nach net prett sinn.“


Wat kënne d’Elteren mat huelen?


D’Anja encouragéiert d’Elteren, d’Schwammeléiere vun hire Kanner als Prozess ze gesinn, deen Zäit a Gedold verlaangt. „Reegelméisseg Erfahrungen am Waasser – egal ob an der Buedbidden, am Planschbecken oder an der Schwämm – si ganz wichteg,“ seet si.


Fazit: Méi Vertrauen, manner Drock


Mat hirer Philosophie stellt d’Anja Kerkow déi traditionell Methoden a Fro. „Schwammen ze léieren ass e perséinleche Prozess,“ seet d’Anja. „Wann mir de Kanner Zäit a Raum ginn, hiren eegene Wee ze fannen, kënnt de Succès vun eleng – an domat och d’Freed.“


Anja Kerkow ass d’Grënnerin vu Rochenkinder an eng Pionéierin vum „natierleche Schwammen“. Als fréier Leeschtungsschwëmmerin an ausgebilten Motopädagogin kombinéiert si hir Passioun fir d’Waasser mat engem empatheschen Usaz, dee Vertrauen an Intuitioun an de Fokus setzt.



 
 
 

Comments

Rated 0 out of 5 stars.
No ratings yet

Add a rating
bottom of page