top of page
Copy of Cream Modern New Episode Podcast Instagram Post (Facebook Cover)-28_edited.png

D’Zukunft fänkt hei un

1000Deeg stellt déi éischt Joren – vun der Schwangerschaft bis 5 Joer – an de Fokus. Mat engem kriteschen Bléck op gesellschaftlech a politesch Froen analyséiert de Podcast d’Besoine vu Kanner an Elteren an dëser entscheedender Phas.

 

Zil: Bewosstsinn schafen iwwer déi fundamentale Roll vun der fréikandlecher Entwécklung fir d’Zukunft vu Kanner, Familljen a Gesellschaft.

Maxi Pesch

Ech sinn Mamm vu 2 Kanner, zënter 12 Joer Journalistin beim Radio 100,7 a Grënner vum onofhängege Podcast 1000Deeg an dësem Blog. Meng Missioun ass et, Kanner an Elteren an de Mëttelpunkt ze réckelen, well déi éischt Jore vum Liewen entscheedend fir eis Zukunft sinn. Ech gleewen drun, datt Versteesdemech an en oppenen Dialog – gepräägt vun Empathie – déi néideg Verännerung an der Gesellschaft méiglech maachen.​

Ënnerstëtzt den 1000Deeg Podcast!

Hëlleft eis, déi éischt kruzial Deeg vum Liewen – vun der Schwangerschaft bis 5 Joer – an de Fokus ze réckelen. Mat Ärer Spende finanzéiert Dir wichteg Episoden, déi Kanner, Elteren an Entscheedungsträger eng Stëmm ginn. All Donen sinn steierlech ofsëtzbar.

1000DEEG SARL-S SIS

BCEELULL LU10 0019 7755 4933 4000

Green Modern Profesional Business One Page Flyer-9.png
  • Instagram
  • Facebook
  • Youtube
  • Spotify
  • Apple Music
  • LinkedIn
bottom of page